Eis rezent Wierker
Eis Agence bidd innovativ Léisungen, déi d’Cliente faszinéieren, d’Interaktioun steigeren an konkret Resultater liwweren.
Héiert, wat eis Clienten iwwert eis soen.
Heefeg gestallte
Froen
All Abo enthält eng komplett Websäit mat Hosting an engem eigenen Domainnumm. Den “Essential”-Abo bidd eng One-Page-Websäit, während déi méi héich Aboen méi Säiten, Sproochen a Fortgeschratten-Funktiounen (z. B. Blog oder E-Commerce) enthält.
Jo, Dir kënnt Äre Abo zu all Moment upgraden, fir méi Säiten, méi Funktionalitéiten oder zousätzlech Sproochen. Meldt Iech einfach bei eis, a mir këmmere eis dorëms.
D’Dauer hänkt dovun of, wéi e Abo Dir wielt. De “Essential”-Plang ass normalerweis bannen 1-2 Wochen ofgeschloss, während méi komplex Websäiten wéi “Business” oder “Premium” 3-6 Woche brauchen—je nodeems, wéi eng personaliséiert Featuren Dir braucht.
Jo, bei dene meeschte Aboen erwaarde mir, datt Dir Ären eegenen Inhalt (Text, Biller, etc.) liwwert. Beim "Business an Premium”-Abo allerdings bidden mir den Content Creation-Servicer, inklusiv Copywriting an Bildmaterial-Beschafung un.
Absolut! Beim “Essential” an “Standard”-Plang kënnt Dir bis zu 3 Sproochen integréieren, an beim “Business” an “Premium” bis zu 5. Mir bidden zwou Optiounen: Basic-Lokaliséierung (19 €) an Pro-Lokaliséierung (49 €) pro Sprooch.
D’Revisiounen déngen dozou, de Projet pünktlech ze halen an ze garantéieren, datt Dir mam Endergebnis zefridden sidd. Eng Revisioun ass eng Phase, während der d’Websäit nach emol gekuckt a geännert kann ginn, nodeems d’Designphase ofgeschloss ass awer éier d’Entwécklung weidergeet. An der Design-Phase sinn d’Ännerungen am einfachsten—et ass méi schwéier eppes ze änneren, wann d’Websäit schonn entwéckelt oder live ass. All Abo enthält eng bestëmmte Zuel u Revisiounen-Ronnen: 1 beim “Essential”, 2 beim “Standard”, 3 beim “Business” an 5 beim “Premium”. Dat hëlleft eis effektiv ze bleiben an Verspéidungen ze vermeiden.
Dir krit Zougrëff zu eisem Client-Dashboard, wou Dir all Phase vu Ärem Websäit-Entwécklungsprozess suivéiere kënnt. Vu der Konzipéierung bis zum Design an der Entwécklung, Dir gesitt déi wichtegst Etappen, kënnt Kommentaren hannerlossen an Dateie eroplueden. Sou bleift Dir zu all Moment am Bild. (2025)
Mir fänken u mat enger “Discovery & Strategy”-Phase, wou mir Är Geschäftsbesoinen erausfannen. No eisem éischte Gespréich oder Meeting schécke mir Iech en Questionnaire, sou datt Dir Är Ziler, Designpreferenzen an Äre “Must-have”-Funktiounen deele kënnt. Vun do aus geet et dann Etapp fir Etapp weider; Dir bleift iwwert eise Dashboard informéiert and Up-To-Date.